Wéi ka verhënnert ginn, dass kannerpornographescht Material geläscht gëtt, éier d’Experten et ausgewäert hunn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un de Minister fir Digitaliséierung weiderzeleeden.

Aus engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 7. November 2022 zu der Initiative Bee SECURE geet ervir, dass kannerpornographescht Material oftmools geläscht gëtt, éier d’Experten Zäit hunn, d’Meldungen auszewäerten. Am Zäitraum vu September 2020 bis August 2021 ass bei 3.287 Meldungen, déi am Verdacht stinn, ee Lien zu Kannerpornographie ze hunn, den Inhalt an 1.575 Fäll geläscht ginn, éier e konnt vun Experten ausgewäert ginn.

An Ubetruecht vun der enormer Wichtegkeet, sech dem digitalen Zäitalter unzepassen, a vun der Gravitéit vum Erhalen, dem Erstellen oder dem Weiderverschécke vu kannerpornographeschem Material, wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Digitaliséierung stellen:

Wéi eng Moossname kéint d’Regierung huelen, fir dat Material, am Aklang mam Dateschutz, méi laang ze konservéieren a soumat der Police d’Méiglechkeet ze ginn et auszewäerten, éier een et läsche kann?
Wéi eng Roll kéinten am Kontext vun esou Enquêtë Backup’s vun Internetprovider spillen?
Kéint d’Regierung sech virstellen, de respektive legale Kader deementspriechend unzepassen?

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck