Wéi huet sech d’Zuel vun de Mënschen, déi duerch hiren Drogekonsum gestuerwe sinn, hei am Land entwéckelt (2022-2023)? Wéi eng Substanze sinn haaptsächlech fir déi Drogendoudege verantwortlech? Op wéi eng Droge sinn déi meescht Drogendoudeger zréckzeféieren?

 

Här President,

 

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Am Joer 2023 ass an Däitschland mat iwwer 2.227 Mënschen d’Zuel vun den Drogendoudegen op en neie Rekord geklommen. Dëse Rekord bei den Drogendoudege werft eng Rei wichteg Froen op.

 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Mënschen, déi duerch hiren Drogekonsum gestuerwe sinn, hei am Land entwéckelt (2022-2023)? Wéi eng Substanze sinn haaptsächlech fir déi Drogendoudege verantwortlech? Op wéi eng Droge sinn déi meescht Drogendoudeger zréckzeféieren?
  • Wéi effektiv sinn eis aktuell Präventiouns-Campagnen? Ginn et genuch Behandlungs- a Rehabilitatiounsprogrammer?
  • Wéi wierksam sinn d’Mesuren zur Bekämpfung vum Drogenhandel?
  • Wéi eng Ännerungen un der Gesetzgebung kéinten d’Situatioun nach verbesseren?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck