Wéi gesäit den Zäitplang fir d’Aktualiséierung vum „plan d’action national pour l’égalité entre les femmes et les hommes“ aus?

Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :

Réponse1664GenderEqualityIndex

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit weiderzeleeden.

Den neisten “Gender Equality Index” setzt Lëtzebuerg op déi 7. Plaz an der Europäescher Unioun mat engem Score vu 75,4 Punkte vun 100. Dëst reflektéiert eng positiv Entwécklung, mat manner groussen Ënnerscheeder bei de Paien an enger besserer Gläichstellung am Beräich vun der Héichschoulbildung. Allerdéngs bleiwen Erausfuerderungen, besonnesch an der nationaler Politik, wou erëm manner Frae gewielt gi sinn, obwuel um lokalem Plang Fortschrëtter festzestellen sinn.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wéi gesäit den Zäitplang fir d’Aktualiséierung vum „plan d’action national pour l’égalité entre les femmes et les hommes“ aus?
  • Wat kënne mir vun deene Länner léieren, déi un der Spëtzt vum Index sinn, wéi zum Beispill Schweden?
  • Ass eng verstäerkt Zesummenaarbecht mat aneren EU-Memberstaate geplangt, fir gutt Praktiken am Beräich vun der Gläichstellung ze deelen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nathalie Morgenthaler

Deputéiert

Zréck