Wéi gesäit déi generell Zäitschinn fir de gesamten Ëmbau vun der N7 aus?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Am Juli 2021 gouf an der Chamber dat neit Finanzéierungsgesetz fir d’N7 ugeholl. De Bau vum Contournement Housen (E421/N7) leeft zënter e puer Méint a geet gutt virun.

 

Den Tronçon tëscht Housen an der Houschter Déckt wier eisen Informatiounen no duerchaus an enger nächster Phas ëmsetzbar. Den Terrain ass flaach a bitt sech u fir dat Stéck op zwee mol zwou Spueren ze bauen. Esou wieren déi 2 Faartrichtunge getrennt, d’Sécherheet méi grouss an d’Liewensqualitéit an der Uertschaft Houschter Déckt däitlech verbessert. Nach wieren awer net déi néideg éischt Schrëtt an d’Weeër geluecht ginn, fir dësen Ausbau zäitno an d’Aen ze faassen.

 

Donieft ass de Rond-Point Schinker, wou déi nei PC7 driwwer féiert déi do d’N7 kräizt, elo schonn den drëttgréisste Pôle d’Echange am Norden. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°5629 aus dem Joer 2022 sot den deemolege Mobilitéitsminister, dass d’Ariichte vun engem P+R um Schinker kuerzfristeg net virgesi wier, an dass d’Parke vun den Autoen do aktuell just toleréiert wier.

 

 

An dësem Kontext wéilte mir follgend Froen un d‘Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Wéi gesäit déi generell Zäitschinn fir de gesamten Ëmbau vun der N7 aus?
  • Kann d’Madamm Ministesch eis soen op eng d’Etude de faisabilité fir den Tronçon tëscht Housen an der Houschter Déckt beim Ponts et chaussées ugefrot ginn ass?
    • Falls dat net de Fall ass, wéini plangt d’Ministesch dësen Optrag ze lancéieren?
  • Wat ass d’Positioun vun der Ministesch zum méigleche Bau vun engem P+R um Schinker, mat engem gesécherten Iwwergang fir Foussgänger a Vëlosfuerer?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

    Christophe Hansen                Jeff Boonen                Emile Eicher             Charles Weiler

 

Deputéiert

Zréck