Wéi eng Moossnamen plangt den Här Minister ze huelen, fir den duerchgängege Bau vum Vëloswee 22 virunzedreiwen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéits- a Bauteminister weiderzeleeden.

Nodeems den éischten Deel (Bettel – Fouhren) vum nationale Vëloswee 22 well 2005 fäerdeg gouf, sollten den zweeten Deel  (Fouhren – Tandel) an den drëtten Deel (Tandel – Bleesbréck) direkt dono an Ugrëff geholl ginn. Allerdéngs ass bis haut ausser dem Bau vun enger Schutzvirriichtung fir Fliedermais am Tunnel zu Fouhren (2017) an e puer honnert Meter Pist zu Tandel näischt geschitt, well de Staat no 16 Joer Verhandlungen mat de Proprietären d’Terrainen nach ëmmer net all huet.

An deem Kontext géif ech gär folgend Froen un den Här Mobilitéits- a Bauteminister stellen:

  • Wou sinn d’Verhandlungen mat de Proprietären am Moment drun?
  • Wéi vill Parzellen sinn nach net am Besëtz vum Staat?
  • Wéi eng Moossnamen plangt den Här Minister ze huelen, fir den duerchgängege Bau vum Vëloswee 22 virunzedreiwen?
  • Sollt et net méiglech sinn, sech déi fir de Bau vun der Piste cyclable (PC) 22 néideg Parzellen all an engem raisonnabelen Delai zu eegen ze maachen, wat plangt den Här Minister dann z‘ënnerhuelen? Gëtt de Projet ad Acta geluecht oder gëtt en neien Tracé festgeluecht?
  • Sollt den aktuellen Tracé awer nach kënne realiséiert ginn, wéi soll d’Verbindung mat der Piste cyclable 16 (Dikrech – Reisduerf) op der Bleesbréck hiergestallt ginn?
  • Wat ass de viraussiichtleche Käschtepunkt vum PC 22 tëschent Fouhren a Bleesbréck?
  • Wéi laang kéinten d’Aarbechten daueren, wa se da bis an Ugrëff geholl sinn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

CSV-Fraktiounspresidentin

Zréck