Wei eng Auswierkungen huet d‘Afeiere vum gratis ëffentlechen Transport op d‘Auschreiwungsprozedure fir privat Busbedreiwer am Kader vun de RGTR an AVL Strecken ? Wei eng Konsequenzen huet de gratis ëffentlechen Transport op de Schülertransport ? Kann de Minister ausschléissen dass duerch déi uewegenannte Mesur Aarbechtsplazen a Gefor sinn? Wa nee firwat?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den gratis ëffentlechen Transport un den Här Minister vun der Mobilitéit an den ëffentleche Baute weider ze leeden.

Vum 1. Mäerz 2020 un féiert Lëtzebuerg als éischt Land vun der Welt de gratis ëffentlechen Transport an.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Minister vun der Mobilitéit an den ëffentleche Baute gär folgend Froe stellen:

  • Wei eng Auswierkungen huet d‘Afeiere vum gratis ëffentlechen Transport op d‘Auschreiwungsprozedure fir privat Busbedreiwer am Kader vun de RGTR an AVL Strecken ?
  • Wei eng Konsequenzen huet de gratis ëffentlechen Transport op de Schülertransport ?
  • Kann de Minister ausschléissen dass duerch déi uewegenannte Mesur Aarbechtsplazen a Gefor sinn? Wa nee firwat?
  • Wat fir eng Konsequenzen huet de gratis ëffentlechen Transport op Amplitudë vun de Chauffeuren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck