Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Zu Lëtzebuerg spillt den Instituteur spécialisé dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques (I-EBS) eng zentral Roll an der Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen. Et ass eng wichteg Initiative, déi d’Schoulinklusioun fërdert. Allerdéngs feelt et un enger detailléierter Beschreiwung vun de Missioune vum I-EBS, déi et erlabe géif, dës mat den zentrale Kompetenze vum genannte Studium ze vergläichen.
D’Inklusioun an d’Fërderung vu Schüler mat spezifesche pedagogesche Besoine stellen eng essenziell Erausfuerderung am Bildungssecteur duer. Fir d’Léierpersonal op dës Missioun virzebereeden, ginn et ëmmer méi spezifesch Studiegäng, wéi zum Beispill an Daitschland wou et e Curriculum am „Lehramt Sonderpädagogische Förderung“ gëtt an et wäerten secher ëmmer méi ginn. Dës Formatiounen leeën e besonneschen Akzent op d’Didaktik an d’individuell Fërderstrategien, fir d’Schüler beschtméiglech an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:
Wéi e Profil gëtt fir d’Rekrutéierung vum Personal beim I-EBS gesicht? Wéi eng Qualifikatiounen a Kompetenze ginn erwaart?
Kann de Minister eng detailléiert Beschreiwung vun de Missioune vum I-EBS zur Verfügung stellen, déi et erméiglecht, dëst mat Curriculum vu Studiegäng ze vergläichen?
Ass et méiglech fir Léit mat Ausbildungen an der sonderpädagogescher Fërderung, déi op d’Herausfuerderungen vun Didaktik a Pädagogik an der Schoulen ausgeriicht sinn, sech op Poste vum I-EBS ze mellen?
Wéi vill Mataarbechter sinn aktuell als I-EBS beschäftegt, an ass geplangt, dës Unzuel an Zukunft ze erhéijen?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo MARQUES
Deputéierten