Wéi ass d’Verhältnis tëschent Fonctionnairen a Chargés de cours an den ëffentlechen Europaschoulen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

An den ëffentlechen Europaschoule ginn d’Enseignante no de offizielle Krittäre vun den Europaschoulen agestallt. Et gëtt awer och Lycéeën zu Lëtzebuerg, déi parallel zum “klasseschen” Enseignement secondaire eng europäesch Filière ubidden. Mengen Informatiounen no kënnt et do vir, dass spezifescht Léierpersonal vum “Enseignement européen” och op Klasse vum normalen ëffentleche Secondaire enseignéiert.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten :

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass spezifescht Léierpersonal vum “Enseignement européen” a Lycéeë mat enger duebeler Offer och op Klasse vum normalen ëffentleche Secondaire enseignéiert?
  • Wa jo, kann den Här Minister mech driwwer informéieren, wéi vill Enseignanten aus dem “Enseignement européen” an deem Fall sinn, wéi eng Fächer dovu betraff sinn an ob iwwerpréift ginn ass, ob dës Leit d’Krittären erfëllen, fir am normalen ëffentleche Schoulsystem dierfen z’ënnerriichten?
  • Ganz allgemeng, wéi ass d’Verhältnis tëschent Fonctionnairen a Chargés de cours an den ëffentlechen Europaschoulen, am Total an opgeschlësselt no Lycée?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck