Wat hält de Sportminister vun der Idee vun engem Haus fir Lëtzebuerger Sportler an der Géigend vun der Coque?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Sport weider ze leeden.

 

An engem rezenten Interview huet den Direkter vum COSL d’Idee vun engem Haus fir Lëtzebuerger Sportler an der Géigend vun der Coque an Spill bruecht wou si kennen dra wunnen. Dëse Virschlag wier vun de Sportler selwer komm well si fir op de Training immens vill Zäit am Auto misste verbréngen an si bréichten och eng Platz fir sech zeréck ze zéien. Mat sou engem Haus kéint een och vläicht verstäerkt auslännesch Trainingspartner op Lëtzebuerg kréien, ouni datt déi missten an engem Hotel logéiert ginn.

 

De Sportminister huet sech bereet erkläert eng Diskussioun zum Thema ze féieren. Hien wier sech awer nach ongewëss wat d’Plus-Value vun sou engem Haus ass.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un den Här Minister stellen:

 

  • Wat hält de Sportminister vun dëser Idee vum Directeur Technique vum COSL respektiv de Sportler?

 

  • Kéint hien sech eng zäitno Diskussioun mat dem COSL virstelle fir déi verschidden Aspekter vun engem Wunnraum fir Sportler unzeschwätzen?

 

  • Wa Jo, wéini kéint sou eng Diskussioun stattfannen?

 

  • Wéini kéint Chamber an déi eventuell Pläng mat ageweit ginn?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

Zréck