Fir d’Äntwert vum Minister ze liesen, klickt wgl op d’Dokument hei:QP 3580
Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Ackerbauschoul zu Ettelbréck un den Här Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister weiderzeleeden.
D’Ackerbauschoul ass déi eelste Beruffsschoul déi et hei zu Lëtzebuerg gëtt. Si besteet zënter 1883 zu Ettelbréck. Beim 125jährige Jubiläum 2008, wéi och 2017 während der Ausstellung‚ 85 Joer an der Kinnekswiss‘ konnt een Deel vun dem historesche Material, dat d’Schoul besëtzt dem Publique gewise ginn.
Zu dëser Kollektioun gehéiere vill onrestauréiert an e puer restauréiert al landwirtschaftlech Maschinnen, Dokumenter, Kaarten, d’Ariichtung vun der Kapell, Panneauen, ganz vill Fotoen, Biller a Portraiten aus dem 19. bis 21. Jorhonnert, e puer 1’000 Bicher vum 18. Jorhonnert bis haut, Déiere-Präparater aus dem 19. Jorhonnert wouzou och den leschten Adler vu Lëtzebuerg gehéiert, Miwwele vun 1932 bis haut, an nach Villes méi….
Et ass evident dat d’Geschicht vun dëser Schoul ee wichtegen Deel vun der Geschicht vum Lëtzebuerger Land duerstellt.
Déi nei Ackerbauschoul wäert den Aussoe vum Minister Bausch no 2020 zu Gilsdorf kënnen opgoen.
An deem Kontext wollt ech dem Här Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister folgend Froen stellen :
Wou kann an Zukunft dëst geschichtlech wäertvollt Material konservéiert ginn?
Soll d’Geschicht vun der Ackerbauschoul resp. dat geschichtlecht Material dem Publique a Form vun enger permanenter Ausstellung kënnen zougänglech gemaach ginn?
Wa jo – wou wär dofir Plaz?
Wat geschitt matt dem Gebai vun der aktueller Ackerbauschoul, dem Internat an dem Gebai vum Laboratoire vun der ASTA? Ginn des Gebaier integral fir den Lycée Technique vun Ettelbréck gebraucht oder bleift hei nach Raum frei? Zu wéi enge konkreten Zwecker sollen dës Gebaier an Zukunft genotzt ginn?
Mengen Informatiounen no ass eng Ufro do, fir dat 85 Joer alt Gebai vun der Ackerbauschoul zu Ettelbréck klasséieren ze loossen. Kann de Minister mer dëst bestätegen?
Wa jo, bis wéini kann decidéiert ginn ob d’Gebai klasséiert soll ginn?
Wat geschitt mat der Kapell an de Mosaikfënsteren vum lëtzebuergesche Kënschtler Gustave Zanter vun 1957 déi dréngend restauréiert misste ginn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Députéiert