Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuele fir d’Aarbechtskonditioune vun de Médecins en voie de spécialisation an Zukunft ze verbesseren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Gesondheetsministesch an un den Här Aarbechtsminister weider ze leeden.

Rezent waren d’Aarbechtskonditioune vun de Médecins en voie de spécialisation (kuerz “MeVS”) e Sujet an der Presse. Riets goung ënnert anerem vun Iwwerlaaschtung, immensem Stress an extremer Middegkeet bei de betraffenen Acteuren um Terrain, vun deenen der vill mental a physesch ënnert dësen Aarbechtskonditioune leiden. Weider héiert een, dass Lëtzebuerg par Rapport zum Ausland ëmmer manner attraktive fir d’MeVS gëtt.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Gesondheetsministesch an un den Här Aarbechtsminister stellen:

  • Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuele fir d’Aarbechtskonditioune vun de MeVS an Zukunft ze verbesseren?
  • Wëssen d’Ministeren dass e Fräizäitausgläich fir geleeschten Iwwerstonnen oft net méiglech ass, a wa jo, wei stinn si engem potentiellem Ausbezuele vun de geleeschten Iwwerstonnen entgéint?
  • Wuelwëssend, dass op eng 24-Stonne Schicht eng obligatoresch 11-Stonne Pause follege muss, hunn d’Ministere mei genee Informatiounen doriwwer, wéi déi um Terrain agehale gëtt?
  • Wei steet d’Regierung zu enger besserer Bezuelung vun de Garden déi duerch MeVS garantéiert ginn?
  • Wei ass der Regierung hir Positioun zu engem eenheetlechem Statut fir d’MeVS an de privaten an ëffentleche Spideeler?
  • Firwat ass et administrative net méiglech, datt d’médecins en voie de formation spécifique en médecine générale hir indemnité de stage mensuelle automatesch ausbezuelt kréien?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm, Deputéiert

Zréck