Wat fir eng Therapie fir d‘Kanner vu sexuellem Mëssbrauch ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un d’Madamme Ministere fir Justiz, Famill a Gesondheet an un d’Häre Ministere fir sozial Sécherheet, bannenzeg Sécherheet an Educatioun, Kanner a Jugend ze stellen.

No der erschreckender Äntwert iwwert déi neisten Zuelen vu Kloen iwwert sexuelle Mëssbrauch vu Kanner wollt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

·         Wéi eng Ulafstellen an Therapien gëtt et zu Lëtzebuerg fir Kanner a Jugendlech, déi Affer vum sexuellem Mëssbrauch gi sinn? Gëtt et och Offeren fir d’Ëmfeld vun de betraffene Mannerjäregen ?

 

·         Ginn et zu Lëtzebuerg genuch Therapieplazen, fir datt all Kand adequat ka betreit ginn esou wéi säi méi not Emfeld? Ginn dës Therapien zu 100% vun der Krankekeess rembourséiert ?

 

·         Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt bis e Kand respektiv d’Famill ka betreit ginn?

 

·         Ass d’Regierung der Meenung, dass dës Ulafstellen bekannt genuch sinn? Misst net méi sensibiliséiert ginn ?

 

·         Kann d’Regierung mir e virleefege Bilan vum Fonctionnement vun der Afferambulanz maachen?

 

o   Wéi oft gouf dës Offer vum Staatslaboratoire an Usproch geholl?

 

o   Wéi vill Persounen a wéi vill Mannerjäreger sinn zanter dem Asetzen vun där „Ambulanz“ do virstelleg ginn?

 

o   Wéi oft konnten Informatiounen, déi do dokumentéiert ginn, a Strofprozesser verwäert ginn? Koum et schonn zu Verurteelungen opgrond vun deenen Informatiounen?

Mat déifstem Respekt,

Nancy Arendt
Députéiert

Zréck