Wat ass d’Positioun vun der Regierung zu enger zentraliséierter, nationaler Ulafstell fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch?

Här President,

 

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Aus dem Debat zur Petitioun N° 2129 de 16. Mee 2022 zur Iwwerschaffung, Ännerung an Upassung vum Sexualstrofrecht zu Lëtzebuerg ass ervirgaangen, dass dëse Sujet nach ëmmer ee gewëssenen Tabu zu Lëtzebuerg duerstellt, mat deem et ze brieche gëllt. Matt der aktueller Unzuel un Ulafplaze fir d‘Affer vu sexuellem Mëssbrauch, an der héijer Donkelziffer, riskéieren déi aktuell Statistiken net fiabel ze sinn. Et ass festgehale ginn, dass verschidde Punkten aus dem Debat an d’parlamentaresch Aarbecht vun der Chamber, souwéi de Projet de loi  N° 7949, erafléisse sollen.

 

D’Madamm Justizministesch huet an Aussicht gestallt, dass een interministeriellen Aarbechtsgrupp domat beoptraagt géif ee Froebou auszeschaffen, fir eng Bestandsopnam vun der bestoender Offer an der Noutwendegkeet vun enger zentraliséierter, nationaler Ulafplaz fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch, ze erstellen. Dëse Questionnaire sollt dann un déi concernéiert Acteuren an Organisatioune geschéckt ginn. An där Reunioun ass och festgehale ginn, dass schonns am Hierscht 2022, hätt sollen eng Evaluatioun vun deem besote Questionnaire an deene jeeweilege Kommissioune stattfannen.

 

Doriwwer eraus, huet d’CSV am Juni 2021, eng Motioun zu enger zentraliséierter, nationaler Ulafplaz, fir dass all Affer sech op enger Plaz mellen kéint, an der Chamber deposéiert. D’Iddi dobäi war et, déi ënnerschiddlech Zuelen a Statistiken déi existéieren ze harmoniséieren, Preventiounsprogramme fir ënnerschiddlech Strukturen ze entwéckelen, Weiderbildunge vum Personal an den entspriechenden Ariichtungen ze promouvéieren an d’Affer bei der Sich no Therapieplazen ze ënnerstëtzen.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

 

  • Ass dee vun der Madamm Ministesch an Aussicht gestallte Questionnaire un d’Acteure vum Terrain geschéckt ginn?
    • Wa jo, wat sinn d‘Conclusioune vun dëser Ëmfro?
    • Wa nee, firwat?
  • Wat ass d’Positioun vun der Regierung zu enger zentraliséierter, nationaler Ulafstell fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch?

 

 

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

 

Hei fannt dir d’Äntwert op dës Fro :

Réponse QP National Ulafstell fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch (NA)

Zréck