Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.
No den Zweifel um offiziell kommunizéierte Walresultat zu de Presidentschaftswalen am
Venezuela, hunn sech 7 EU-Memberstaaten zesummegeschloss, a fuerderen de Präsident Maduro
op, Detailer zu de Walresultater ze verëffentlechen.
De Conseil national électoral (CNE) am Venezuela hat deklaréiert, dass de President sortant, den
Nicolas Maduro, mat 51,2% vun de Stëmmen de Gewënner vun de Wale wier. Säi Konkurrent den
Edmundo Gonzalez wier op 44,2% vun de Stëmme komm. D’Oppositioun selwer reklaméiert
awer, dass hire Kandidat 3,5 Millioune Stëmme méi kritt hätt wéi den Nicolas Maduro.
Doropshin hunn Däitschland, Frankräich, Italien, Polen, Holland, Spuenien a Portugal den 3.
August 2024 eng gemeinsam Deklaratioun publizéiert an där si fuerderen: « Nous appelons les
autorités vénézuéliennes à publier rapidement tous les procès-verbaux afin de garantir la
transparence et l’intégrité du processus électoral. L’opposition indique avoir collecté et publié plus
de 80 % des procès-verbaux produits dans chaque bureau de vote. Cette vérification est essentielle
pour reconnaître la volonté du peuple vénézuélien ».
An deem Kontext wéilt ech follgend Fro un den Här Ausseminister stellen:
• Aus wéi enge Grënn huet Lëtzebuerg déi gemeinsam Deklaratioun vun den uewe
genannten 7 EU-Memberstaaten net matgedroen ?
Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Mosar
Deputéierten