Wéi gedenkt d’Regierung am Fall Goodyear ze agéieren? Wäerten an Zukunft nach weider Aarbechtsplaze bei der Firma Goodyear a Gefor sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

D’Direktioun vu Goodyear Luxembourg huet de 6. September matgedeelt, dass 55 Aarbechtsplazen am administrative Beräich solle gestrach ginn. All méiglech Optioune fir déi betraffe Persounen si laut der Direktioun méiglech. Den OGBL an den LCGB froe no engem Plan de maintien dans l’emploi. (PME) Déi betreffend Diskussioune misste sou séier wéi méiglech entaméiert ginn, sou déi zwee Syndikater.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren? Wa jo – wéi gedenkt d’Regierung hei ze agéieren?
  • Kann de Minister eis Informatioune ginn, ob an Zukunft nach weider Aarbechtsplaze bei der Firma Goodyear a Gefor sinn?
  • Wat gedenkt d’Regierung an Zukunft ze ënnerhuelen, fir den Industriestanduert Lëtzebuerg besser ze protegéieren / ze promouvéieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert                                                    Marc Spautz

Deputéierten

Zréck