Wäert am Joer 2021 bei der Eisebunn op glyphosathaltege Sprëtzmëttel respektiv op aanere Pflanzeschutzmettel verzicht ginn ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de Glyphosat un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

 

An verschiddenen Äntwerten op parlamentaresche Froen huet Regierung informéiert dass d’CFL fréistens ab dem Joer 2021 op den Asaz vu Produite mat dem Wierkstoff Glyphosat verzichte wäert.

 

Dëst well et aktuell bei der Eisebunn keng Alternativ zum Sprëtze vu glyphosathaltege Produiten géif ginn, déi direkt asazfäeg wiere, an déi dat selwecht Resultat liwwere kéinten.

 

Vu que dass d’CFL selwer keng Alternativen teste, gi Pilot-Projeten am Ausland verfollegt wou bei der SBB, der ÖBB, der DB, der SNCF an der Infrabel Alternativen zum Sprëtze vu glyphosathaltege Produiten evaluéiert ginn.

 

Dobäi handelt et sech em d’Bekämpfe vum Onkraut mat gliddegem Waasser, mat Elektrizitéit a mat Hëllef vu Feier.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Wäert am Joer 2021 bei der Eisebunn op glyphosathaltege Sprëtzmëttel respektiv op aanere Pflanzeschutzmettel verzicht ginn ?
  • Wa neen firwat nach ëmmer net ?
  • Wa jo, op wei eng technesch Léisung wäerten CFL an der Onkrautbekämpfung zréckgräifen ?
  • Sinn d’Pilot-Projete’en am Ausland mëttlerweil evaluéiert ginn ?
  • Wa jo wat sinn Conclusiounen a wiere d’CFL bereet dess Conclusiounen och ze iwwerhuelen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck