Verschidde Patiente brauchen Therapien mat héichdoséierten Vitaminpreparater. Wéi kann et sinn datt d’Gesondheetskeess de Remboursement vu dësen refuséiert, mam Argument datt Vitaminnen Iessergänzungsmëttele wieren a keng Medikamenter ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no refuséiert d’Gesondheetskeess de Remboursement vu verschiddenen Therapien, och wann dës fir déi concernéiert Patienten noutwendeg sinn. Esou sinn z.B. bei verschiddene rare Krankheete ganz héichdoséiert Vitaminpreparater noutwendeg fir e bessere Krankheetsverlaf. D’CNS géif dës Therapie awer net iwwerhuele mam Argument datt Vitaminnen Iessergänzungsmëttele wieren a keng Medikamenter.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Kann d‘Regierung dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, deelen d‘Ministeren d’Meenung datt et sënnvoll wier an esou spezifesche Fäll och Therapien ze rembourséieren déi wichteg fir e bessere Krankheetsverlaf sinn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                   Marc Spautz

Deputéiert                                             Deputéierten

Zréck