D’Äntwer op dës parlamentaresch Fro fann Dir hei:
Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weider ze leeden.
D’Gemeng Diddeleng, d’Uni Lëtzebuerg an de Centre de Documentation sur les Migrations
Humaines (CDMH) hunn eng Konventioun fir d’Finanzéierung vun engem Léierstull fir
Migratiounsgeschicht op der Uni ënnerschriwwen, déi operationell ass säit dem 1 Januar
2025. Am Mäerz 2024 war an der Press ze liesen, datt et beim CDMH zu enger
Verontreiung vun ëffentleche Gelder komm ass. De Kulturministère kofinanzéiert
zesumme mat der Stad Diddeleng duerch eng Konventioun d’Aarbecht an dGehälter vun
de Mataarbechter vum Zentrum.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Minister stellen:
• Wie bezuelt den Audit, deen de Kulturministère an Optrag ginn huet?
• Sinn d’Aarbechten um Audit ofgeschloss?
• Wa jo, wat sinn d‘Conclusioune vun dëser Analyse?
• Gesäit de Kulturministère Handlungsbedarf?
• Wéini ginn d’Resultater offiziell virgestallt?
• Wann d’Aarbechten um Audit nach net ofgeschloss sinn, bis wéini wäerten
d’Resultater da virleien?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp, Deputéiert