Um Internet gëtt ee gewuer, dass de Lëtzebuerger Bankmusée, deen 1995 opgaang ass an sech am Siège vun der Spuerkeess befënnt, permanent zou ass. Gëtt dru geduecht, dëse Musée erëm op ze maachen oder en aneren ze schafen?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weider ze leeden.

Um Internet gëtt ee gewuer, dass de Lëtzebuerger Bankmusée, deen 1995 opgaang ass an sech am Siège vun der Spuerkeess befënnt, permanent zou ass. An dësem Musée sinn d’Leit méi gewuer ginn iwwert d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Finanzplaz an iwwert de Fonctionnement vun enger Bank.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Finanzminister stellen:

  • Ass gewosst, wisou dëse Musée zou ass?
  • Ass de Lëtzebuerger Staat un dësem Musée bedeelegt oder gehéiert dësen eleng der Spuerkeess?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass dëse Musée wichteg ass fir d’Finanzeducatioun vun de Kanner?
  • Gëtt dru geduecht, dëse Musée erëm op ze maachen oder en aneren ze schafen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck