Stëmmt et datt Patienten aus Lëtzebuerg wéinst der COVID-19 Pandemie an auslännesche Spideeler refuséiert gi sinn? Wéi gedenkt d’Regierung bei den jeeweilegen Nopeschlänner ze intervenéieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

An de leschte Woche war jo e puermol gewuer ze ginn datt Patienten aus Lëtzebuerg wéinst der COVID-19 Pandemie an auslännesche Spideeler d’Behandlung refuséiert kritt hunn. Heibäi handelt et sech jo a verschiddene Fäll ëm Spezialklinicken an dës Patiente kënnen net am Grand-Duché behandelt ginn.

Aus dëse Grënn géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt Patienten aus Lëtzebuerg wéinst der COVID-19 Pandemie an auslännesche Spideeler refuséiert gi sinn?
  • Wéi gedenkt d’Regierung bei den jeeweilegen Nopeschlänner ze intervenéieren ?
  • Wéi handhaabt d’CNS dës Situatioune wann déi concernéiert Patienten duerch de Refus vun der Behandlung méi laang wéi eventuell néideg am Krankeschäi sinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck