Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.
An der Äntwert op di parlamentaresch Fro n°7889 vum 17. Abrëll 2023 ass d’Madamm Ëmweltministesch op de potenziellen Tosch vu Staatsfläche mat ënnert anerem der natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur agaangen.
An dësem Kontext géif ech gäre weider folgend Froen un d’Ministesch stellen:
- Ginn d’Bäihëllefen déi de Staat fir den Opkaf duerch natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur ausgeschott huet fir déi Flächen déi concernéiert wieren an zum Tosch stéingen nees un de Staat zeréck?
- Ginn d‘Flächen 1:1 am Wäert vun de Parzellen ausgetosch? Sinn sou Toschaktioune mat natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur schonns an der Vergaangenheet gemaach ginn? Wat war d’Envergure, d’Konditiounen a d’Modalitéite fir änlech gelagert Toschaktioune vun där Gréisstenuerdnung?
- Wien war Demandeur fir dëser Operatioun?
- Hunn schonn aner Fondatiounen, Asbl’en oder gemengnotzlech Organisatioune vun sou Toschaktioune profitéiert? Wann jo, wéi eng?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Deputéierten
Zréck