Sinn och schonn zu Lëtzebuerg Quagga-Muschelen an der Musel fonnt ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Quagga-Muschel un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

An engem Artikel vum 22.04.24 huet den SWR geschriwwen dat déi invasive Quagga-Muschel d’Musel géif eroberen. D’Quagga-Muschel kënnt aus dem schwaarze Mier an dem Aralséi an ass eng invasiv Aart.  Dës Muschel suergt schonn elo bei eisen däitschen Nopere fir Problemer, virun allem doduerch dass si Kolonië bilden, déi sech u Schëffer a Staustufen heften.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Ass dem Minister dës Problematik vun der Quagga-Muschel bewosst?
  • Sinn och schonn zu Lëtzebuerg Quagga-Muschelen an der Musel fonnt ginn?
  • Wann jo, ass et och schonn zu Lëtzebuerg duerch d’Quagga-Muschel zu Problemer an der Schëfffaart komm? Mussen zum Beispill d’Schleise méi oft gebotzt ginn?
  • Wéi eng Moossnamen si virgesi fir d’Ausbreedung vun der Quagga-Muschel anzedämmen?
  • Wéi evaluéiert d’Ëmweltverwaltung dat ökologescht Geforepotential wat vun der Quagga-Muschel op ons eenheemesch Biodiversitéit ausgeet?
  • Wéi gedenkt d’Ëmweltverwaltung heiropper ze reagéieren?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Kemp

Deputéierten

 

 

Zréck