Sinn dem Minister rezent nach weider Mëssstänn beim Mobibus zougedroe ginn? Wa jo, wéi enger Natur sinn dës?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro zum Mobibus un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Eis ass zougedroe ginn, dass et mat der Schoulrentrée zu enger ganzer Partie Komplikatioune beim Mobibus komm ass. Laut dem Mobibus sinn d’Informatiounen iwwert d’Passagéier vum leschte Schouljoer op dëst Joer iwwerdroe ginn, an der Praxis schéngt dat awer net de Fall ze sinn. De 15. September 2023 koum et zu immens villen Probleemer beim Transport vun de Passagéier vum Mobibus. Deemno hunn eis concernéiert Leit matgedeelt, dass Befestegungsgurter fir Rollstill an engem Mobibus gefeelt hunn, net genuch Plazen an engem anere Bus waren, et zu Verspéidunge vun deelweis iwwer 4 Stonne komm ass, d’Horairë vum Depart net gestëmmt hunn, bei engem Bus d’Batterie eidel war, ee Kand guer net ofgeholl ginn ass a beim Retour stoung ee Bus op der falscher Adress.

 

Den 18. Abrëll 2023 ass de Minister a senger Äntwert op d’Fro n°423 op aner Mëssstänn beim Mobibus agaangen an huet an deem Zesummenhang d’Probleemer mat der neier Software ugeschwat, d’Penurie u Chauffeuren an den neien Centre de compétence.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Sinn dem Minister déi genannten Tëschefäll vum 15. September 2023 bekannt?
  • Sinn dem Minister rezent nach weider Mëssstänn beim Mobibus zougedroe ginn? Wa jo, wéi enger Natur sinn dës?
  • Sinn d’Probleemer mat der neier Software vum Mobibus entre-temps behuewen?
  • Wéi gesäit den Outcome vum neie Centre de compétence aus?
  • Ass d’Penurie u Chauffeure bei Mobibus behuewe ginn?
  • Wat gedenkt d’Regierung kuerz-, mëttel-, a laangfristeg z’ënnerhuele fir ee méi sécheren an zouverlässege Mobibustransport ze garantéieren?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck