Sinn déi schrëftlech Premièresexamen dëst Schouljoer virun der Péngschtvakanz ? Hunn d’Schüler deemno manner Zäit fir sech ze preparéieren ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Laut eisen Informatiounen sollen dëst Joer, am Géigesaz zu de Jore virdrun, all schrëftlech Exame vun de Premières-Schüler am “Secondaire classique” an am “Secondaire général” virun der Péngschtvakanz ofgehale ginn. Am Konkreten heescht dat, dass 2 Woche virun der Vakanz wärend 7 Deeg déi schrëftlech Exame sinn, an no der Vakanz da just nach déi mëndlech.
Déi Jore virdru war et ëmmer esou, dass eng Woch schrëftlech Exame waren, dann 1 Woch Vakanz – déi d’Studente konnten notze fir ze léieren -, an uschléissend de Rescht vun de schrëftlechen Examen an dono d’Oralen.
An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:
Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?
Wa jo, ass den Här Minister net der Meenung, dass dës Reegelung am Verglach mat de Jore virdrun eng Benodelegung fir d’Schüler duerstellt?
Ass den Här Minister nach gewëllt, dës Datumer unzepassen – am Sënn vu gläiche Chance fir all Schüler a wuelwësend, dass et fir vill zukünfteg Studenten net nëmme wichteg ass, d’Joer ze packen, mee och eng gewëss Moyenne ze kréien, fir kënnen op d’Uni vun hirem Choix ze goen?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Max Hengel
Co-Fraktiounspresidentin Deputéierten

Zréck