Här President,
Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.
D’Croix-Rouge huet rezent en Opruff gemaach, fir nei Bluttspender ze rekrutéieren. Wéi aus dem Schreiwes ervirgeet, feelt et am Moment wéinst de Schoulvakanzen a wéinst de ville Feierdeeg un Bluttkonserven.
An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
- Sinn aktuell genuch Bluttkonserven do, fir d’Besoine hei am Land ze decken?
- Ass d’Versuergung mat Bluttkonserven laangfristeg gesechert oder gin et Enkpäss?
- Ass d’Versuergung fir all Bluttgruppen garantéiert?
- Hat d’Pandemie Auswierkungen op d’Zuel vun de Bluttspender?
- Wa jo, wéi gesäit d’Entwécklung an den zwee leschte Joren aus?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen Max Hengel
Deputéiert Deputéierten
Zréck