Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.
Fir d’Gesondheetsversuergung wärend der COVID-19 Pandemie beschtméiglech ze garantéiere gëtt et ee Plang fir d’Organisatioun vun de Spideeler dee 4 Phasë virgesäit. Vun der Phase 3 un ass virgesinn datt net urgent Agrëffer verréckelt ginn. Säit dësem Dënschdeg sinn eis Spideeler an der Phase 4.
An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Wéi vill Agrëffer an Operatiounen an eise Spideeler goufe scho verréckelt?
- Wéi gëtt do den Tri gemaach? Zielt just déi medezinesch Noutwendegkeet oder ginn och aner Critèrë wéi z.B. d’Péng vum Patient mat a Betruecht gezunn?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen Jean-Marie Halsdorf
Deputéiert Deputéierten
Zréck