Risk vun Altersaarmut an domatter Risk sech keng medezinesch Hëllef leeschten ze kënnen, klëmmt. Wéi eng Mesure wëll d’Regierung dergéint ënnerhuelen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un d`Madamm Familljeministesch wieder ze leeden.

Laut rezenten Aussoe vun ënnert anerem Médecins du Monde Lëtzebuerg oder der Chambre des salariés (CSL) klemmt d’Gefor vun Altersaarmut ëmmer méi an domadder och de Risk, sech keng medezinesch Hëllef méi leeschten ze kënnen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen stellen:

Madamm Ministesch kann si des Observatioune confirméieren ?
Wei vill Leit si betraff?
Wat ass zu Lëtzebuerg d‘ Alterskategorie di am meeschte riskéiert vun Altersaarmut betraff ze gi?
Wei eng Mesure si virgesi vir dësem Phenomen entgéint ze wierken?
Wei eng Mesure si virgesi vir de concernéierte Léit och an prekäre Situatiounen den Zougang zu medezinescher Hëllef ze garanteieren?
Wei eng Mesure well de Ministère ergräifen fir géint den ëmmer méi groussen Gap teschend den niddrege Pensiounen an den héijen Präisser an den Altersheemer fir ze goen?
Mat déifste Respekt.

 

 

 

Marc Spautz                                                                            Paul Galles

Deputeierten

Zréck