Rezent ass eng Infographie vum STATEC publizéiert gi wou draus ervirgeet, dass d’Zuel vu schwéierblesséierten an ëm d’Liewe gekommene Vëlosfuerer tëscht 2021 an 2023 vu 27 op 40 geklomm ass. Wat ass den Alter vun deenen accidentéierte Vëlosfuerer ?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Rezent ass eng Infographie vum STATEC publizéiert gi wou draus ervirgeet, dass d’Zuel vu schwéierblesséierten an ëm d’Liewe gekommene Vëlosfuerer tëscht 2021 an 2023 vu 27 op 40 geklomm ass.

 

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Wéi deelt déi uewegenannten Zuel (den Total) vu Schwéierblesséierten an ëm d’Liewe gekommene Vëlosfuerer sech op? Wéi ass d’Evolutioun wann een déi 2 Kategorië separat kuckt?
  • Wat ass den Alter vun deenen accidentéierte Vëlosfuerer?
  • Haten déi accidentéiert Vëlosfuerer een Helm un?
  • War och Alkohol oder Marihuana am Spill?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck