Produzente vu Schwéngefleesch sinn zënter enger gewëssener Zäit mat engem enorme Präisverfall vun hirem Fleesch konfrontéiert. Ass de Minister gewellt de lëtzebuerger Produzente kuerzfristeg verstäerkt ënnert d’Aarm ze gräifen? Wei kéinten dës Hëllefen ausgesinn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

 

Produzente vu Schwéngefleesch sinn zënter enger gewëssener Zäit mat engem enorme Präisverfall vun hirem Fleesch konfrontéiert, eng Situatioun déi sech duerch d´COVID-19 Kris weider zougespëtzt huet.

 

Déi rezent Ëmstänn mat COVID-19 infizéiert Mataarbechter an engem gréisseren däitsche Schluechthaus hunn zu engem dramatesche Präisverfall bäigedroen, dëst well duerch déi feelend Schluechtkapazitéite vill Schwäin net kenne vermaart gi. Heiduerch fällt also och déi lëtzebuergesch Notéierung, déi un déi däitsch Leitnoteierung gekoppelt ass. Duerch des Virfäll ass och d´Iwwerdrockventil Richtung China, wat bis am Ufank vum Joer majoritär zu héije Präiser bäigedroen huet, zou.

 

Laut mengen Informatiounen ass et duerch de Präisverfall mëttlerweil fir vill Schwéngefleesch-Produzenten onintressant an onrentabel iwwerhaapt nach Schwéngefleesch ze produzéieren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

 

  • Ass de Minister der Meenung, dass d´Schwengsbaueren aleng dësen net konjunkturelle Präisverfall, deen sech an de Geschäfter net reflektéiert, ze droen hunn? Wéi kéinte Léisunge fir esou spezifesch Situatiounen fir déi national Produktioun ausgesinn?
  • Ass de Minister gewellt de lëtzebuerger Produzente kuerzfristeg verstäerkt ënnert d’Aarm ze gräifen? Wei kéinten dës Hëllefen ausgesinn?
  • Wier et net ubruecht, dass di gesamt Filière zesumme mat senge Ressortministeren (vum Bauer iwwert Schluechthaus, Distributioun, Commerce) sech géing concertéiere fir dëser Problematik entgéintzesteieren?
  • Wei gesäit de Minister d`Situatioun beim Schwéngefleesch vun der “Marque Nationale”? Ass de Minister der Meenung, dass de Supplement vun 3 Cents/Kilo, de Méiopwand vun enger Schwéngefleeschproduktioun no de “Marque Nationale” Kritären nach Rechnung dréit?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck