Problematik vun héijer Vitesse op Haaptstroossen, déi an eng Uertschaft eraféieren : Wier Luuchten, déi op Vitesse reagéieren eng Léisung ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.
D’Problematik vun de sou-genannten “Afallstroossen”, den Haaptstroossen, déi an eng Uertschaft eraféieren, beschäftegt ganz vill Gemengeresponsabel, well dës ee Sécherheetsrisiko bedeiten. Op dëse Stroossen ass nieft dem ville Verkéier och déi ze héich Vitesse vun den Automobilisten ee Problem, deen d’Gemengen probéieren duerch Schëlder, Warnhiweiser oder aner Mesuren an de Grëff ze kréien, oft mat wéineg Erfolleg. An eisem Nopeschland Frankräich gëtt et de System, datt an der Afaart vun Agglomeratiounen rout Luuchten opgestallt ginn, déi op gréng schalten, wann ee mat der erlaabter Vitesse ënnerwee ass, awer rout bleiwen wann een ze séier fiert. Domat ginn déi Automobilisten belount, déi sech un d’Verkéiersreegelen halen, an déi déi ze séier ënnerwee sinn, ginn ofgebremst. Dëse System ass säit 2021 an der franséischer Gesetzgebung verankert a gëtt vu ville Gemenge benotzt.
Zu dësem Thema wéilt ech der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten follgend Froe stellen:
Huet d’Madame Ministesch Kenntnis vun dësem System?
Falls jo, gedenkt d’Madame Ministesch dëse System och zu Lëtzebuerg ze erlaben, mat enger Ännerung vum Code de la Route?
Falls jo, wéini soll dës Ännerung gemaach ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf
Deputéierten

Zréck