No schaarfer Kritik vun de Gewerkschaften um Oflaf vun der Tripartite : Wéi reagéiert d’Regierung ? Firwat sollen d’Logements- a Klimakris net mat de Sozialpartner diskutéiert ginn?

Här Präsident,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement dat virgesäit, géif ech Iech bieden dës dringend
parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister weiderzeleeden.
An engem gemeinsame Communiqué üben déi 3 national representativ Gewerkschaften CGFP, LCGB an
OGBL hefteg Kritik un der Regierung no der Tripartite vum 13. Dezember 2021.
Net nëmmen war an ass den Datum vun där Reunioun de Gewerkschaften een Dar am A, mä och d’Aart a
Weis vun der Regierung, sinn deene 3 sauer eropgestouss. Incapacitéit ee staarke nationalen Sozialdialog
opzebauen, der Press eppes virgegaukelt, en Event aplaz ee Prozess sinn d’Virwërf un d’Adress vun der
Regierung. Kee Versteesdemech weisen d’Gewerkschaftsvertrieder fir d’Aussoen vum Premier, dass
d’Logements- an d’Klimakrisen kee Sujet fir eng national Tripartite wieren.
Opgrond vun dësen harsche Kriticken, wéilt ech dem Premier- a Staatsminister folgend Froe stellen:
– Wéi bewäert den Här Minister dës Reproche vu Säiten vun de Gewerkschaftsvertrieder?
– Gesäit den Här Minister kee Kafkraaftverloscht op Säiten vun de schaffende Leit opgrond vun den enorm
héijen Logementspräisser, vum Unzéien vun den Energiepräisser etc. ?
– Firwat ass den Här Minister net der Meenung, dass méiglech Léisungsusätz fir déi aktuell Logements- a
Klimakrisen am Dialog mat de Sozialpartner sollten diskutéiert an decidéiert ginn?
– Beabsichtegt d’Regierung d’Gewerkschaftsproposen an nächster Zäit mat de Gewerkschaftsvertrieder ze
verdéiwen? Gëtt et schonn ee konkreten Zäitplang fir dës Gespréicher?
Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Spautz
Deputéierten

Zréck