No Dout vu 5 Hënn an enger Hondspensioun : Leien d’Resultater vun der Autopsie vir a wéi kann een d’Gesetzer ännere fir esou tragesch Virfäll ze verhënneren ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fannt der hei :

Réponse1695Pensioncanine

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden.
Am Summer sinn an enger Hondspensioun fënnef Hënn gestuerwen. D‘Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) huet doropshin eng Enquête lancéiert. Allerdéngs waren, wéi d’ALVA intervenéiert ass, scho véier Déieren ageäschert ginn. Beim fënneften Hond ass eng Autopsie ordonéiert ginn. An dem Zesummenhang wollt ech follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen.
Leien d’Resultater vun der Autopsie mëttlerweil vir?
Wa jo, kënnt Dir eis déi matdeelen an d’Ursaachen, un deenen den Hond gestuerwen ass?
Wat wëll d’Madamm Ministesch un de bestoende Gesetzer upassen, fir ze verhënneren, datt et an Zukunft nach eng Kéier zu esou engem Virfall an enger Déierepensioun kënnt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie Weydert
Deputéiert

Zréck