Neit ASBL-Gesetz : Wéi kann ee Benevolat méi attraktiv gestalten an den Associatiounen hëllefen ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Justizministesch an den Här Familljeminister weiderzeleeden.

 

Mat deem neien ASBL’s Gesetz vum 7. August 2023 an duerch déi am Gesetz virgesiKategoriséierung an ënnerschiddlech Gréisste vun ASBL’en, fale vill Associatiounen an eenneie Régime comptable. Als “utilité publique” brauche Si awer souwisou schonn eng Fiduciaire an ee Reviseur d’Entreprise. Mat deem neie Régime huet d’Union Grand-Duc Adolphe Fédération Nationale de Musique (UGDA) eisen Informatiounen no zum Beispill e Surcoût tëscht 30.000-40.000€ d’Joer un Ausgaben. En gros huet d’Benevolat dann och net justofgeholl iwwert déi läscht Joren, mee tendéiert esou nach weider u Bereetschaft ze verléieren, wann et nieft der Zeit och nach Sue kascht.

 

An deem Kontext wéilte mir follgend Froen un d‘Madamm Justizministesch an un den HärFamilljeminister stellen:

 

• Wat huet d’Regierung kuerz-, mëttel- a laangfristeg virgesinn, fir d’Benevolat zu Lëtzebuerg nees méi attraktiv ze gestalten, sou wéi et am Koalitiounsaccord virgesinnass?
• Wéi vill Veräiner ginn iwwert de Seuil vun der Kategoriséierung am neie Gesetz vun der « petite » zur « moyenne » Associatioun?
o Wier et méiglech dës Seuil’en ze flexibiliséieren a per Règlement Grand-ducal amplaz Gesetz ze definéieren, fir esou der Situatioun um Terrain gerecht zeginn?
• Bestinn Iwwerleeunge fir een Template um Site www.myasbl.lu en place ze setzen, un deem sech d’Associatiounen orientéiere kéinte fir d’Comptabilité en partie double an de Bilan automatiséiert ze maachen?
• Betreffend dem Punkt vun der « gratuité », wier et méiglech, dësen duerch eng Formule ze ersetzen, déi et erlaabt d’Frais encourus, d’Frais de représentation oder Änleches zebezuelen?
Här President, mir bieden Iech dës Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz                                Françoise Kemp

Deputéiert

Zréck