Museums-Pass-Musées ass eng grenziwwerschreidend Initiative zwësche Frankräich, Däitschland an der Schwäiz. E bidd d’Méiglechkeet, online e Muséespass ze kafen, deen den Zougang zu iwwer 350 Museeen, Schlässer a Gäert erlaabt fir eng Persoun a fënnef Kanner ënner 18 Joer. Kënnt eis Regierung sech virstellen, bäi der dëser Initative matzemaachen, an zu dësem Zweck Gespréicher oder Verhandlungen mat den zoustännegen Organisateuren an Autoritéiten opzehuelen?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeleeden.

Museums-Pass-Musées ass eng grenziwwerschreidend Initiative zwësche Frankräich, Däitschland an der Schwäiz. E bidd d’Méiglechkeet, online e Muséespass ze kafen, deen den Zougang zu iwwer 350 Museeen, Schlässer a Gäert erlaabt fir eng Persoun a fënnef Kanner ënner 18 Joer. E gëllt fir ee Joer a wendt sech un d’Awunner vun den dräi genannte Länner.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Kulturminister stellen:

  1. Zu Lëtzebuerg hu vergaange Regierungen z.b. de Kulturpass agefouert, oder de Jugendpass fir Persounen ënner 18 Joer, an eng Rei Museeen erlabe gratis Entrée zu op d‘mannst engem Deel vun hiren Ausstellungen a Reimlechkeeten. Grenziwwerschreidend Initiative géifen den Zougang zu Kultur nach méi grouss maachen sou wéi méi Publikum an d’Museeen bréngen. Kënnt d’Regierung sech virstellen, bäi der uewegenannter 3-Länner-Initative matzemaachen, an zu dësem Zweck Gespréicher oder Verhandlungen mat den zoustännegen Organisateuren an Autoritéiten opzehuelen?
  2. Deelt den Här Minister d’Meenung vu positiven Auswierkunge vun esou enger méiglecher Participatioun vu Lëtzebuerg bäi dësem Pass?
  3. Onofhängeg vun esou Gespréicher am Kontext vun den dräi Rhäin-Noperen, wär e gemeinsame Pass mat éisen direkten Nopeschlänner Belgien, Frankräich an Däitschland, fir esou eng Initiative um Niveau vun der Groussregioun anzeféieren, net och gläichzäiteg wichteg, mat oder ouni sech un den éischtgenannte Museeespass uschléissen ze kënnen?

Här President, ech bieden Iech, maïn déifste Respekt unzehuelen.

 

                                                                

 

Octavie Modert

Députéiert

  

 

Zréck