Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg ass ee Sujet mat deem d’Police oft konfrontéiert ass. D’Police, ass beméiht d‘Tensiounen am Garer Quartier ze reduzéieren an mëscht dëst mat Erfolleg wéi och de Directeur général vun der Police grand-ducale an engem Interview den 30. September 2024 am Quotidien confirméiert. D’Policepresenz huet eng ofschreckend Wierkung an ass een Deel vun der Léisung am Kader vun der Lutte géint Drogekriminalitéit. D’Evolutioun vun de Chifferen an dësem Beräich sinn wichteg Facteure fir Mesurë wéi d’Police locale oder de Platzverweis ze moossen.
An deem Kontext wéilt ech follgend Fro un den Här Inneminister stellen:
- Wéi vill Leit sinn an deene leschten 3 Méint am Garer Quartier festgeholl gi wéint Drogenhandel?
- Wéi vill Leit sinn zanter Uganks dës Jores an a ronderëm de Garer Quartier wéinst Drogenhandel festgeholl ginn?
- Wéi hunn dës Chiffere par Rapport zum Joer 2023 évoluéiert?
- A wéi ville vun dëse Fäll handelt et sech ëm Recidivisten?
Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Mosar
Deputéierten
Zréck