Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Déi berufflech Ausbildung spillt eng essenziell Roll an der Formatioun vun eisem Nowuess an der lëtzebuerger Wirtschaft. Allerdéngs weisen Zuelen aus verschiddene Beräicher drop hin, datt eng net onwesentlech Unzuel vun Auszubilenden hir Ausbildung virzäiteg ofbrécht an et och schwéier ass fir Jonker ze fannen déi eng Léier am Handwierk wëllen ugoen.
Et fält op, dass onsen Informatiounen no, dëst am Zesummenhang mam enger alarmanter Zuel vu Schoulofbriecher a verschiddenen Lycée’e steet. Dëst ass deelweis drop zréckzeféieren, dass d’Schüler an der Formation professionelle oft Schwieregkeeten hunn e Patron de stage ze fannen an doduerch och keng Coursë beleeë kënnen.
Esou wéi et aus engem Artikel vun der Süddeutsche Zeitung ervirgeet, schéint de Problem och bei onsen däitschen Noperen ze bestoen. Wou fréier ze vill Léit no enger Léier gesicht hunn, fält aktuell op, dass et ze vill Platze fir wéineg Undrang ginn. Et kënnt en demographeschen Aspekt dobäi, nämlech dass et manner jonk wéi eeler Mënsche ginn an déi Jonk sech doduerch d’Fräiheet och kennen huelen „Nee“ ze soen.
Dëst werft Froen op iwwert d’Attraktivitéit vun der dualer Ausbildung, d’Konditiounen an de Betriber an d’Mesuren, déi geholl gi fir d’Beruffsausbildung méi attraktiv ze maachen.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:
· Wéi vill Ausbildungsverträg goufen zënter 2019 all Joer virzäiteg zu Lëtzebuerg opgeléist?
· Huet de den Educatiounsminister Kentniss iwwert déi global Unzuel vun Schouloofbriecher sait 2019 (opgeschlësselt pro Joer)?
· Wat sinn d’Haaptgrënn fir dës Oofbréch? Gëtt e Suivi gemaach?
· Wat fir Moossnamen huet den Educatiounsministère an de leschte Joren ëmgesat oder geplangt, fir d’Attraktivitéit vun der berufflecher Ausbildung ze erhéijen?
· Gëtt et eng Analyse iwwert d’Qualitéit an d’Konditiounen an de Léierbetriber?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Marc Spautz
Députéierten
Zréck