Konnt d’Regierung feststellen datt d’Kanner an d’Jugendlech méi oft feelen an der Schoul an datt d’schoulesch Leeschtungen gelidden hun/leiden par Rapport zur Pré-Covidzäit ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend esou wéi och un d’Madamm Gesondheetsministesch betreffend den Auswierkungen vun der sanitärer Kris op d’Kanner an déi Jugendlech weider ze leeden.

D’Gesondheetskris hätt staark Auswierkungen op d’psychesch Gesondheet vun de Kanner an Jugendlechen. Laut der Madamm Diane Dhur, Presidentin vum Omega 90 Kompetenzzentrum vir sozio-emotional Entwécklung wier eng vun de Folgen, datt Kanner ëmmer manner gär an d’Schoul géinge goen op Grond vu Middegkeet wéi och schouleschen Schwieregkeeten. D’Feelen an der Schoul hätt an deem Kontext och zougeholl.

Mengen Informatiounen no wier och den aktuellen taux d’occupation am Hôpital Kirchberg vun jonke Patienten, déi un Angschtzoustänn an Depressiounen leiden erop gaangen. D’Auslaaschtung an der Dagesklinik wier em 150 Prozent bei de Patienten tëschent 13 an 18 Joer eropgaangen ewéi och d’Zuel vun den occupéierten Platzen am Hôpital Kirchberg vun 12 op 17.

Et hätt een beim Omega 90 Kompetenzzentrum och eng Hausse vun den Therapieufroen festgestallt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt déi sanitär Kris e groussen Afloss op d’psychesch Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen huet, datt et notamment säit dem Ufank der Pandemie bei dësen Persounen méi Fäll vun Depressiounen an Angschtzoustänn ginn ? Wann jo, em wéi vill Prozent sinn d‘Depressiounen an d‘Angschzoustänn bei Kanner an Jugendlecher eropgaangen säit der Pandemie ?
  • Ass et richteg datt d’Auslaaschtungen an den Dagesklinicken zu Lëtzebuerg bei de Patienten tëschent 13 an 18 Joer erop gaangen sinn ?
  • Konnt d’Regierung feststellen datt d’Kanner an d’Jugendlech méi oft feelen an der Schoul an datt d’schoulesch Leeschtungen gelidden hun/leiden par Rapport zur Pré-Covidzäit ?
  • Wéi eng Altersklass ass am meeschten betraff vun den Konsequenzen vun der sanitärer Kris ?
  • Wéi eng Léisungen/Konzepter huet d’Regierung? (dem Alter entspriechend)
  • Plangt d’Regierung Mesuren vir d’psychesch Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen op laang Siicht ze stäerken ? Wann jo wéi gesinn dës Mesuren aus ?
    • Wéi kréien d’Kanner, déi duerch Homeschooling méi Retarden hunn/ manner Hëllef kruten elo gehollef, dass se hier Chance behalen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck