Kann d’Regierung d’Meldungen aus der Press confirméieren, datt et nach kee Fall vun Afepouken zu Lëtzebuerg gëtt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

D’Meldungen iwwert déi sougenannt Afepouken hunn sech an de leschten Deeg iwwerschloen. Net méi spéit ewéi e Sonndeg huet d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO zum Handelen opgeruff. Well et wichteg wier, fir d’Leit dréngend, séier an ëmfaassend ze sensibiliséieren an och ze informéieren. Et wier nämlech, mat enger weiderer Ausbreedung vun den Afepouken ze rechnen. An elo scho ginn d’Fäll laut Medienberichter weltwäit an d’Luucht. An Europa virun allem a Groussbritannien, mä och a Portugal, Spuenien, Däitschland an och an der Belsch.

Bis elo huet d’Lëtzebuerger Santé e Samschdeg via Communiqué just matgedeelt, datt et zu Lëtzebuerg nach kee Fall géif ginn. An datt et wichteg wier, opmierksam ze bleiwen. Nach maachen awer ëmmer méi Leit sech Suergen a stellen sech vill Froen. Grad och elo virun der Vakanzenzäit am Summer.

An deem Kontext wëll ech duerfir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen :

  • Kann d’Regierung d’Meldungen aus der Press confirméieren, datt et nach kee Fall vun Afepouken zu Lëtzebuerg gëtt ?
  • Wéi héich gesäit d’Regierung d’Probabilitéit, datt et och zu Fäll zu Lëtzebuerg wäert kommen?
  • Wéi genee preparéiert d’Regierung sech vir, wann et géif zu engem Ausbroch zu Lëtzebuerg kommen? Wéi géif an dësem Fall den Urgence-Plang ausgesinn?
  • Sollt et zu engem Ausbroch zu Lëtzebuerg kommen, ass d’Regierung prett fir den Traçage sécherzestellen? Ass dann och eng Isolatioun geplangt, wéi d’WHO et verlaangt?
  • Wéi gedenkt d’Regierung d’Leit am Sënn vun der WHO konkret an ëmfaassend ze sensibiliséieren an och ze informéieren? Ass zum Beispill hei och eng Campagne an de Medie geplangt, déi iwwert e Communiqué erausgeet?
  • Steet d’Regierung a Saachen Afepouken am permanenten Austausch mat der WHO?
  • Wat ass de leschte Stand, wat d’Iwwerdroungsweeër ugeet? Wéi kënnen d’Leit sech konkret virun dëser Krankheet schützen?
  • Wat ass de leschte Stand, wat d’Symptomer ugeet? Wéini sollen d’Leit bei den Dokter goen?
  • Wéi geféierlech ass dës Krankheet laut de leschte Regierungsinformatioune wierklech?
  • Op wat mussen d’Leit bei Reesen an d’Ausland grad am Summer an der Vakanzenzäit oppassen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép.Kemp

Deputéiert

Zréck