Kann den Här Minister ons eng genee Oplëschtung vun den Dépense virlëen, déi am Kader vum binationale Batailloun scho getätegt gouften?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech biede folgend Question parlementaire un den Här Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

Den 31. August 2021 um belsch-lëtzebuergeschem Sommet „Gäichel XI“, hu béid Regierunge festgehalen e belsch-lëtzebuergesche bataillon de reconnaissance de combat an d’Liewen ze ruffen, dee bis 2028 stoe soll.

An deem Zesummenhang géinge mir gär folgend Froen un den Här Verdeedegungsminister stellen:

  • Kann den Här Minister ons eng genee Oplëschtung vun den Dépense virlëen, déi am Kader vum uewe genannte binationale Batailloun scho getätegt gouften?
  • Wéi eng Dépense goufe scho konkret engagéiert respektive mussen nach engagéiert gi fir dass de Batailloun operationell gëtt?
  • Wéi eng Dépense si laangfristeg pro Joer virgesinn, fir de belsche-lëtzebuergesche Batailloun um Lafen ze halen?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Jean-Marie Halsdorf

Zréck