Hunn nieft Däitschland nach aner Länner Bedenken zu de geplangte Sanktioune vun der EU géint Russland ?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

 

Eigentlech sollt virum Ufank vum G7-Sommet dësen Donneschden, zu Borgo Egnazia an Italien, eng Eenegung tëscht den EU-Memberstaaten zum 14. EU-Sanktiounspak géint Russland virleien. Wéi awer aus Diplomatekreesser ze héieren ass a regrettéiert gëtt, géif notamment Däitschland aktuell zu Bréissel de geplangte Sanktiounspak blockéieren.

 

Konkret sollen am Kader vun dëse Sanktioune Mesuren en place gesat ginn, fir d’Ëmgoe vu bestoenden Sanktioune besser ze verhënneren. Ausserdeem ass geplangt Sanktiounen am Kader vu Flëssegerdgas (LNG) ze verhänken. Sou solle verschidden Häfen net méi zur Verschëffung vu russeschem LNG an Drëttstaate genotzt kënne ginn. Déi däitsch Bundesregierung soll virun allem retizent sinn hisiichtlech de geplangte Mesurë fir d’Ëmgoe vu Sanktiounen ze verhënneren, a fäerten, dass eventuell däitsch Entreprisë viséiert kéinte ginn.

 

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Ausseminister stellen:

 

  • Kann den Här Minister déi uewe genannten Informatioune bestätegen ?
  • Hunn nieft Däitschland nach aner Länner Bedenken zu de geplangte Sanktioune vun der EU géint Russland ?
  • Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu den ugekënnegte Sanktiounen an de genannte Bedenke ?

 

Här President, ech biede Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck