Huet sech den Undeel vun de Gebuerte mat Keeserschnëtt an de leschte 5 Joer verännert?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales weiderzeleeden.

Laut dem Statec sinn 2021 6.470 Kanner zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales stellen:

  • A wéi vill Fäll huet et sech ëm eng natierlech Gebuert gehandelt?
  • Bei wéi vill Gebuerten huet missen e Keeserschnëtt gemaach ginn?
  • Huet sech den Undeel vun de Gebuerte mat Keeserschnëtt an de leschte 5 Joer verännert?
  • Wéi schneit Lëtzebuerg bei de Cesariennen am Vergläich zu den aneren europäesche Länner of?
    • Wann et Differenze par Rapport zu den aneren EU-Länner ginn, wat sinn d’Grënn dofir?
  • Sinn d’Cesariennen ausschliisslech aus medezinesche Grënn gemaach ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck