Huet d’Regierung Statistiken zu Jonken déi sech duerch Bezuelungs-Appen verschëlt hunn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Finanzen, ewéi un den Här Minister fir Digitaliséierung weiderzeleeden.

 

Nom Motto „Kaaf haut a bezuel muer“ lackelen Bezuelungsappen wéi Paypal a Klarna emmer méi jonk Konsumenten dozou am Internet méi Suen auszeginn wéi se hunn. Esou ginn et an Däitschland jonk Studenten/innen déi bis zu 50 000 € Scholden hunn an net wëssen wéi se dës sollen zeréckbezuelen.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen :

  • Sinn der Regierung och esou Fäll hei zu Lëtzebuerg bekannt ?
  • Wat gesäit d’Regierung vir dogéint ze ënnerhuelen ?
  • Huet d’Regierung Statistiken zu Jonken déi sech duerch esou Appen verschëlt hunn ?
  • Ass virgesinn um europäeschen Level eppes en place ze setzen vir eis jonk Leit ze schützen ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt

Zréck