Huet den Energieminister Zuele wat de Potenzial vu PV op de versigelte Flächen zu Lëtzebuerg insgesamt ass, sief et a Form vun Flächen oder a Form vun der elektrescher Produktioun (kWh)?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de potenzielle Photovoltaiquesflächen zu Lëtzebuerg un den Här Energieminister weider ze leeden.

De Solarkadaster erlaabt et fir bei all Gebai eenzel nozekucke wat d’Potenzial vun dësem fir d’Stroumproduktioun mëttels PV ass. Niewent de Gebaier hunn och aner versigelt Flächen, wéi Industriestrukturen a Parkingen e grousst Potenzial fir PV. Dat gouf och esou am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung festgehalen.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Huet de Minister Zuele wat de Potenzial vu PV op de versigelte Flächen zu Lëtzebuerg insgesamt ass, sief et a Form vun Flächen oder a Form vun der elektrescher Produktioun (kWh)? Kann de Minister dës Zuele wegl. Opdeelen; jee no Typ vu versigelter Fläch, also Gebaier, Industriestrukturen a Parkingen?
  • Wann nee, envisagéiert de Minister eng Etüd duerchzeféieren fir d’Potenzial vu PV zu Lëtzebuerg ze erfaassen?
  • Wann jo, wéi vill dovu gëtt gebraucht dir d’Ziler vum PNEC ze erreechen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jeff Boonen

Deputéierten

 

Zréck