Hatespeech : Wéi vill Virfäll a Plainte goufen et? Wéi eng Kampagne si geplangt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

An de leschte Joren ass den Online-Hatespeech zu engem ëmmer méi grousse Problem ginn, souwuel an eiser Gesellschaft wéi och an der politescher Debatt. D’Verbreedung vu verbaler Gewalt, diskriminéierende Bemierkungen a Bedroungen op sozialen Netzwierker an aneren Online-Plattformen huet net nëmme gravéierend Konsequenze fir déi betraffe Persounen, mee och fir d’Zesummeliewen an eis demokratesch Wäerter.

Och zu Lëtzebuerg gesi mir ëmmer méi Beispiller vun diffaméierenden oder haasserfëllte Kommentaren, déi géint spezifesch Gruppen oder Individue geriicht sinn. Trotz de gesetzleche Bestëmmungen, déi schonn existéieren, bleift d’Fro, ob déi aktuell Instrumenter effektiv genuch sinn, fir dëst Phänomen an de Grëff ze kréien.

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

·      Wéivill Virfäll sinn an denen läschte Joer um Site Stopline.lu gemëllt ginn?

·      Wéivill Plainten sinn an denen läschte Joer am Kader vum Hatespeech gemaach ginn? An wéivillen Fäll koum et zu enger Verurteelung?

·      Wéi eng Kampagnen geséit d’Madamm Justizministesch vir fir géint den Hatespeech virzegoen?

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Kemp

Députéiert

Zréck