Hält den Här Minister et fir sënnvoll, fir deene Schüler, déi sech nom Secondaires-Ofschloss op enger Uni oder eng Héichschoul aschreiwen, den IAM-Kont weider aktiviéiert ze loossen an de Studenten esou den Accès op hir Dokumenter weiderhin z’erlaben ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung weiderzeleeden.

D‘Schüler hunn hei zu Lëtzebuerg all en IAM-Kont (Identity and Access Management), deen et hinnen erlaabt, op déi digital Servicer vun der Educatioun zouzegräifen. Dat ass souwuel fir de Fondamental wéi och fir de Secondaire de Fall.
Zousätzlich hunn si Accès zum Microsoft Office 365 (Word, Excel, asw.), mat deem si bis op Première schaffen. All Dateie sinn um Onedrive gespäichert, an dräi bis véier Méint nom Secondaires-Ofschloss gëtt den IAM-Kont desactivéiert a sämtlech Zougrëffer ginn sou annuléiert.

Dat bedeit fir d’Schüler, dass si sech all hir Donnéeën, déi si eventuell op der Uni nach missten oder wéilte consultéieren, anerwäerts späichere mussen an dass si d‘Donneeën net méi onbedéngt do hunn, wou si se brauche respektiv wou si se zu all Zäitpunkt kënne consultéieren. Dobäi kënnt, dass si dann och kee gratis Accès zum Microsoft Office 365 méi hunn, an domat och keen Accès méi zu der gewinnter Software.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung stellen :

  • Hält den Här Minister et fir sënnvoll, fir deene Schüler, déi sech nom Secondaires-Ofschloss op enger Uni oder eng Héichschoul aschreiwen, den IAM-Kont weider aktiviéiert ze loossen an de Studenten esou den Accès op hir Dokumenter weiderhin z’erlaben ?
  • Wa jo, vu wéini u wier dat méiglech a wéi géif dat praktesch oflafen?
  • Wann net, firwat net ?
  • Besteet och d’Méiglechkeet, fir de Studente weiderhin e gratis Accès zur noutwendeger Software ze ginn ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck