Gratis ëffentlechen Transport an grenziwwerschreidendem Verkéier: Wei eng Auswierkungen huet de gratis ëffentlechen Transport op d’Accord’e am Beräich Tarifstruktur ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der hei : QP393

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de gratis ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Am Kader vum geplangte gratis ëffentlechen Transport, stellen sech nach eng Rei vu Froen, virun allem um Niveau vum grenziwwerschreidendem Verkéier.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

  • Wei eng Auswierkungen huet de gratis ëffentlechen Transport op d’Accord’e am grenziwwerschreidendë Beräich  (Tarifstruktur etc) ?
  • Kann de Minister iwwer eventuell Gespréicher mat de Nopeschlänner informéieren?
  • Wei eng Auswierkungen huet de gratis ëffentlechen Transport op de Statut an Aarbecht vun der Mobilitéitszentral ?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck