Gëtt Elektroschrott vu Lëtzebuerg an Afrika exportéiert a wéi kann dat op europäeschem Niveau ënnerbonne ginn ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

 

Zu Lëtzebuerg ass de Gesamtvolume un Offall bannent deene leschte Joren erofgaangen. Och gëtt ëmmer méi recycléiert. Am Kader vum Elektroschrott ass d’Ecotrel zu Lëtzebuerg zoustänneg fir d’Asammelen a Recycléiere vun Elektroschrott. Obwuel domadder séchergestallt ass, dass den Elektroschrott fachgerecht entsuergt gëtt, ginn awer nach all Joer Tonnen un Elektroschrott aus Europa an Afrika exportéiert deen ënner Mënschen onwierdeg Zoustänn  recycléiert gëtt, mat de bekannten Auswierkungen op d’Ëmwelt an d’Gesondheet vun de Leit.

 

An dësem Kontext wollt ech der Madamm Ëmweltminister folgend Froe stellen :

 

·         Ginn futtis elektronesch Apparater vu Lëtzebuerg aus op den afrikanesche Kontinent exportéiert ?

·         Wei gëtt séchergestallt dass dat net geschitt ?

·         Wat fir eng Initiativë gi vun der Lëtzebuerger Regierung op europäeschen Niveau geholl fir den Export vun Elektroschrott an afrikanesch Länner ze ënnerbannen ?

·         Wat sinn Engagementer a vun der Lëtzebuerger Regierung am internationale Strategië Kontext?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Députéierten

 

Zréck