Geet den Delai de prescription beim sexuellen Mëssbrauch vu Kanner erop ?

Här President,

 

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d`Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Laut Informatiounen aus dem Aktivitéitsrapport vum Planning Familial hunn sech d’lescht Joer beim Planning 90 Persoune gemellt wéinst sexuellem Mëssbrauch, 85 ware Fraen oder Meedercher. Nëmme 14% hunn eng Plainte gemaach. 50% vun den Affer goufen awer scho mëssbraucht éier se 10 Joer al waren, bal 99% hate manner wéi 18 Joer.

Den Delai de prescription vun 10 Joer, déi een Zäit huet, fir viru Geriicht ze goen, leeft un ab dem 18. Liewensjoer vum Affer. Laut Planning Familial wier desen Delai awer vill ze vill kuerz.

 An dësem Kontext well ech folgend Froen stellen:

  • Wei vill Affer (souwuel Groussjäreg wi Mannerjäreg) vu sexuellem Mëssbrauch hu sech d´läscht Joer bei den eenzelen Ulaafplaazen hei am Land gemellt? Huet d’ Madamm Ministesch do konkret Chifferen?

 

  • Laut Aussoe vum Koalitiounsvertrag 2018-2023 solle verschidden delai de prescription analyseiert a ré-évalueiert gin ; « L’ensemble des délais de prescription devront être évalués et redéfinis dans un cadre cohérent. L’opportunité de supprimer certains délais de prescription sera étudiée dans ce contexte. Il sera introduit une procédure d’information à l’attention des victimes et/ou auteurs d’une infraction en cas de prescription de l’affaire les concernant. »

Ass des Analyse schonn ofgeschloss? Wa jo, wei eng Konklusiounen a Mesuren si virgesinn?

  • Soll et Ännerunge gi beim delai de prescriptioun am Fall vu sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen ? Wa jo, wei eng?

 

  • Wéi eng Sensibilsatiounsaarbecht gett um Terrain geleescht dat mei Affer Plainte geint den Täter maachen?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Nancy Arendt

Deputeierten

Zréck