Firwat kënnt Lëtzebuerg nëmme lues virun mat den Impfungen a firwat ass eréischt een Drëttel vun de geliwwerten Impfdosen genotzt ginn ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.
Eisen Informatiounen a Berechnungen no huet de Grand-Duché bis elo 15.575 Impfdose geliwwert kritt mat deenen op d’mannst 7.887 Persoune kéinte geimpft ginn. Bis den 12. Januar waren 2.373 Persoune geimpft.
Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Kann d’Regierung eis Informatiounen a Berechnunge confirméieren?
Wann nee, wéi vill Impfdosen hu mir genau bis haut kritt a wéi vill Leit kënnen domat geimpft ginn?
Wéi vill Vaccinatioune goufe bis haut wou genau gemaach (Impfzenter, Spideeler, Fleegestrukturen)?
Fir wat si réischt ronn 2.400 Leit geimpft bis elo, wëssend datt mindestens fir dräimol esouvill Leit Vaccin disponibel ass?
Wat ass aktuell déi maximal deeglech Impfkapazitéit?
Wéi vill Impfdosen hunn déi eenzel Spideeler a Strukture bis elo geliwwert kritt a wéi vill vun deene sinn nach disponibel?
Wéi vill Leit aus wéi enge Secteuren si bis haut ugeschriwwe ginn a wéi vill vun deenen hunn sech bis elo impfe gelooss?
Wéi ass de Liwwerungsplang vun de Vaccine, wëssend datt dee vun Dag zu Dag ännert?
Wéi eng Persoune ginn oder goufe fir d’nächst Woch erëm an den Impfzenter an der Victor Hugo Hal invitéiert?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Claude Wiseler
Deputéiert Deputéierten

Zréck