D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fannt der hei :
Réponse1601changementclimatique
Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Upassungsstrategie un de Klimawandel un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.
De Klimawandel huet och zu Lëtzebuerg Auswierkungen op all Mënsch a beaflosst déi ënnerschiddlechst Secteuren, vun der Landwirtschaft iwwert d’Wunne bis hin zum Tourismus. Dofir huet sech Lëtzebuerg eng Strategie an en Aktiounsplang fir d’Period 2018-2023 operluecht fir sech un dem Klimawandel unzepassen. Dës Strategie an dësen Aktiounsplang mat ville Moossnamen, déi och iwwert dës Period erausginn, sollen all 5 Joer evaluéiert an op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser a konkreten Erfarungen aus der Praxis verbessert a weider entwéckelt ginn.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
- Gouf den Aktiounsplang, bzw. Deeler dovunner, oder eenzel Secteuren, schonn evaluéiert?
- Fir wéini kann ee mat enger kompletter Evaluatioun vun der Lëtzebuerger Upassungsstrategie un de Klimawandel rechnen?
- Gedenkt de Minister op Basis vun de neien urgente wëssenschaftleche Kenntnisser a prakteschen Erfarungen eng nei Upassunsstrategie auszeschaffe bzw. déi al Strategie ze iwwerschaffen?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp
Deputéierten
Zréck